Projeten no Thema
⚡ Energie
Stroum, Solar, Wand an nohalteg Technik.
Projeten am Beräich Energie
- Solarkillschaf
- Solarmuseksbox
- Solarthermesch Kollektoren
- Fitnessgeräter zur Stroumerzeugung notzen
- Popcorn mat Solarenergie hierstellen
- Léierstatioun iwwer Photovoltaik
- Vëlosgenerator
- Solarplug StationZwee Solarpanneaue produzéieren Stroum, deen iwwer e Laderegler an engem Akkupack gespäichert gëtt. Mat engem Spannungswandler (24 V op 5 V) kënnen doduerch bis zu 20 Handyen iwwer USB gelueden ginn. Am Projet gëtt de Schaltplang normgerecht gezeechent, de Spannungswandler ausgewielt, berechent an als Platine entworf, an eng verstellbar Halterung fir d'Panneaue gëtt gebaut. Gemooss ginn d'Leeschtung, d'Energiebilanz an de Wierkungsgrad vun der ganzer Anlag, souwéi d'Sonnenastralung am Wanter a Fréijoer, fir ze gesinn, wéi d'Joreszäiten den Ertrag beaflossen. De Projet vum Joer virdrun gëtt weiderentwéckelt a fäerdeg gemaach.
- Liicht aus Wand
- Solarbedriwwent Stand-up Paddle
- Wiederstatioun
- Biodiesel vs Diesel
- Liicht aus Wand a Sonn — nohalteg StroossebeleuchtungEng Strooselucht, déi net méi um Stroumnetz hänkt: eng kleng Wandturbinn mat Generator produzéiert Energie, déi an enger Batterie gespäichert gëtt an d'LED-Lucht och bei Wandstëllt an an der Nuecht versuergt. Zousätzlech gëtt d'Sonnenenergie als Zwëschespäicherung genotzt. De Schüler dimensionéiert d'Batterie, mësst d'Energieerträg bei verschiddene Wandbedingungen, plangt de Schaltplang mat Iwwerlaaschtschutz an baut de Prototyp (Turbinn, Laderegler, LED) wiedertauglech zesummen. D'Léisung ass besonnesch nëtzlech fir ofgeleeën Uertschaften ouni Stroumanschloss.
- Smart GardenE klengt Gewächshaus fir Kräider gëtt automatiséiert: eng Siemens-Kleinsteierung (LOGO!) liest mat Sensoren d'Buedemfiichtegkeet, d'Temperatur an d'Liicht an schalt Heizung, Ventilatoren a Bewässerung automatesch un an aus. Iwwer eng benotzerfrëndlech Visualisatioun kann een Astellungen upassen oder Apparater vu Hand bedéngen, ouni programméieren ze mussen. Am Projet gëtt recherchéiert, wéi eng Bedingungen d'Planzen brauchen, de Schaltplang an den Hydraulikplang gi gezeechent, d'Heizleistung an d'Lüfterleistung ginn ausgerechent, an d'Wasserleitungen an d'Verkabelung ginn ëmgesat. Deeler vum Projet vum Joer virdrun gi widderverwäert.
- Velo CamperE Vëlosanhänger, deen d'Joer virdrun gebaut gouf, fir méi Deeg mam Vëlo ze reesen, kritt eng komplett eegen Energieversuergung. Dofir gëtt en Akkupack aus Zellen selwer gebaut (mat BMS, Zellenverschaltung a Kapazitéitsberechnung) an iwwer eng Photovoltaikanlag mat Laderegler (MPPT) gelueden, sou datt een ënnerwee autonom Geräter, an och e E-Bike, opluede kann. Zum Projet gehéieren de Schaltplang, d'Wiel vum Laderegler a vum Wechselrichter, d'Berechnung vum Gesamtwierkungsgrad an eng Bedéngungsuleedung, mat Fokus op Nohaltegkeet a Recycling. Zesumme mat engem Vëlosgeschäft ass eng Reis Ettelbréck–Koblenz–Ettelbréck geplangt, an d'Klimabilanz gëtt mat anere Reesforme verglach.