Projeten no Thema
🚲 Mobilitéit
Vëlo, Transport a nohaltegt Reesen.
Projeten am Beräich Mobilitéit
- Think different, you are significant
- ReVELOtioun
- CycleSmart – Zertifizéierung fir sécher, nohalteg a vëlosfrëndlech Schoulen
- Vëlosgenerator
- Velo CamperE Vëlosanhänger, deen d'Joer virdrun gebaut gouf, fir méi Deeg mam Vëlo ze reesen, kritt eng komplett eegen Energieversuergung. Dofir gëtt en Akkupack aus Zellen selwer gebaut (mat BMS, Zellenverschaltung a Kapazitéitsberechnung) an iwwer eng Photovoltaikanlag mat Laderegler (MPPT) gelueden, sou datt een ënnerwee autonom Geräter, an och e E-Bike, opluede kann. Zum Projet gehéieren de Schaltplang, d'Wiel vum Laderegler a vum Wechselrichter, d'Berechnung vum Gesamtwierkungsgrad an eng Bedéngungsuleedung, mat Fokus op Nohaltegkeet a Recycling. Zesumme mat engem Vëlosgeschäft ass eng Reis Ettelbréck–Koblenz–Ettelbréck geplangt, an d'Klimabilanz gëtt mat anere Reesforme verglach.
- Eng ëmweltfrëndlech Alternativ zum Reesen
- Solarbedriwwent Stand-up Paddle