Projeten no Thema
♻️ Offall
Recycling, Kreeslafwirtschaft a Konsum.
Projeten am Beräich Offall
- Béierdeckelpress
- Aféierung Ecobox
- Give Box
- Mülltrennung – Design vu Müllbehälter
- Fashion Upcycling
- PolyPath – De Wee zu enger nohalteger PlastiknotzungDe Projet ënnersicht am Detail d'Offallsystem vum LTEtt: wéi gëtt den Offall getrennt, wéi sinn d'Behälter beschriwwen an, dat Wichtegst, wéi gutt kennt an notzt d'Schoulgemeinschaft (Schüler, Proffen a Mataarbechter) dat System, a wat geschitt duerno mam gesammelten Offall. Dodrop opbauend ginn Verbesserungen entwéckelt, virun allem eng méi kloer Beschrëftung vun de Behälter an Infomaterial, dat a verschiddene Klasse getest gëtt. Zousätzlech gëtt en Atelier fir d'7e-Klassen virbereet a gehalen iwwer d'Wichtegkeet vun der Offalltrennung, d'Vermeide vu Plastik an d'Recyclage vu Plastik (PET, HDPE, PP), fir e méi ëmweltbewosst Verhalen an der Schoul ze fërderen.
- Mikroplastik an der Kosmetik
- Fair Clothes
- Handyen – Nohaltegkeetscheck
- Bëschhotel (Waldhotel)Aus Europaletten an aneren Naturmaterialien (Äscht, Steng, Tannenzäpp, Tounpëtt) gëtt e Lieweraum fir Insekten, Vullen, Reptilien, Amphibien a Säugedéieren gebaut, fir d'Artenvielfalt op der Plaz ze fërderen. Am Fokus stinn d'Nohaltegkeet an de Réckgrëff op recycléiert Material: et gëtt gekuckt, wou d'Materialie hierkommen a wéi eng Ëmweltimpakt (CO₂) si hunn, an d'Bëschhotel soll biologesch ofbaubar sinn. D'Gréisst vun de Lächer gëtt un d'Déieren ugepasst, déi an där Géigend virkommen. De Bau gëtt zesumme mat Schüler aus enger Primärschoul gemaach: no engem Ausfluch an de Bësch, wou Material gesammelt gëtt, ginn d'Elementer gemeinsam gefäerdegt an an d'Palettestruktur agesat. Domat léieren d'Kanner iwwer Recyclage an Artenvielfalt, an et gëtt geklärt, wien d'Bëschhotel duerno ënnerhält.